Lescht Woch huet am Jugendhaus eng Jugendversammlung stattfonnt, bei där d’Jugendlech déi lescht Detailer vun hirer Zuchrees duerch Europa geplangt hunn. D’Rees ass schonn zum groussen Deel organiséiert, an et ass virun allem ëm d’Iwwernuechtungen, d’Aktivitéiten an d’Opdeelung vun den Aufgaben gaangen. D’Jugendlech hunn dobäi selwer decidéiert, a wéi engen Hostellen oder Ënnerkonften si wëlle schlofen an wat si an de verschiddene Stied ënnerhuele wëllen. Verschidde Gruppen hu sech ëm spezifesch Themen gekëmmert, wéi Transport, Budget oder Fräizäitprogramm. Duerch dësen partizipative Prozess konnten d’Jugendlech Verantwortung iwwerhuelen an hir eege Virstellunge konkret ëmsetzen. D’Roll vum Jugendhaus war et, de Kader ze bidden an d’Jugendlech bei der Organisatioun ze begleeden, ouni hinnen d’Decisiounen ofzehuelen. Während der Versammlung gouf vill diskutéiert, nogefrot a gemeinsam ofgeschwat. D’Jugendlech hunn dobäi gewisen, datt si fäeg sinn, zesummen ze plangen, Kompromësser anzegoen an e Projet selwer ze organiséieren. Dës Form vu Partizipatioun stäerkt net nëmmen hir Selbststännegkeet, mee och hiert Verantwortungsgefill an d’Zesummenaarbecht an der Grupp.