A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Infobourse “Deng Zukunft – Däi Wee”

14-02-2024

De 14. Februar war déi aacht Editioun vun der Infobourse “Deng Zukunft – Däi Wee”, organiséiert vum Service National de la Jeunesse , vum Jugendinfopunkt Esch a vun der Stad Esch Uelzecht. Iwwer 1700 Visiteuren hunn sech am Belval Plaza bei 53 Exposant’en iwwert déi verschidde Beruffsméiglechkeeten informéiert. De Buergermeeschter vun Esch a puer Schäffe waren och op Besuch.  De Jugendsecteur gouf ënnert anerem vum Responsaablen vum Jugendhaus Bouneweg um Stand vum Educatiounsministère representéiert.