A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Growth Trip

20-02-2026

D’Jugendhaus huet eng dräitägeg Rees op Remerschen organiséiert. Eng Grupp vu Jugendlechen huet un dësem Openthalt deelgeholl. Am Mëttelpunkt stoung d’Erfarung an d’perséinlech Entwécklung.

 

D’Partizipatioun vun de Jugendleche war e wichtege Bestanddeel vum Projet. D’Decisioun, dräi Deeg aktiv matzemaachen, war eng bewosst an fräiwëlleg Wiel. Dëst fräiwëllegt Engagement weist Motivatioun an Interessi un eegener Weiderentwécklung. Wärend dem Openthalt hunn d’Jugendlecher sech aktiv an d’Aktivitéiten abruecht. Si hunn sech op Prozesser agelooss, déi Vertrauen, Oppenheet a Reflexioun erfuerdert hunn. Partizipatioun huet sech hei virun allem duerch aktiv Matwierkung an Engagement gewisen.

 

Den éischten Dag stoung d’Teamentwécklung am Virdergrond. Kooperativ Aufgaben hunn Zesummenaarbecht a Kommunikatioun gefërdert. Verschidde Challenge konnten nëmme gemeinsam geléist ginn. D’Jugendlecher hu Verantwortung fir sech selwer an fir d’Grupp iwwerholl. Duerch dës kollektiv Erfarunge gouf de Gruppenzesummenhalt gestäerkt. Reflektiounsronnen hunn dozou bäigedroen, Léierprozesser bewosst ze maachen.

 

Den zweeten Dag gouf d’Thema Vertrauen an de Fokus gestallt. Vertrauensübunge sollten d’Sécherheet an der Grupp erhéijen. Aktivitéiten, bei deenen ee sech op aner Persoune verlooss huet, hunn intensiv Erliefnesser geschaf. D’Jugendlecher hunn dobäi gewisen, datt si bereet sinn, sech op nei Situatiounen anzeloossen. Dëst huet d’gegenseitegt Verständnis an d’Empathie gefërdert. Vertrauen ass als Grondlag fir funktionéierend Zesummeliewe erfuerbar ginn.

 

Parallel dozou gouf un der Stäerkung vum Selbstvertrauen geschafft. Individuell Erausfuerderunge sollten dozou bäidroen, eege Fäegkeeten ze erkennen an auszebauen. Kleng a grouss Erfolleger goufen thematiséiert a positiv zeréckgemellt. D’Jugendlecher hunn sech aktiv mat hiren eegene Stäerkten a Ressourcen auserneegesat. Dës Form vu Partizipatioun huet sech an der Bereetschaft gewisen, sech op Entwécklungsprozesser anzeloossen.

 

Den drëtten Dag war der Biografieaarbecht gewidmet. Mat kreative Methoden hunn d’Jugendlecher iwwer hir Liewensgeschicht reflektéiert. Wichteg Momenter a prägend Erliefnesser konnten thematiséiert ginn. Dës Aarbecht huet Selbstreflexioun an Identitéitsentwécklung gefërdert. Gläichzäiteg ass de Respekt fir d’Liewensweeër vun anere gewuess.

 

No dräi Deeg konnt eng positiv Entwécklung observéiert ginn. De Gruppenzesummenhalt an d’Verantwortungsbewosstsinn hu sech verstäerkt. D’Rees huet gewisen, datt fräiwëlleg Partizipatioun eng staark Basis fir nohalteg Léierprozesser ass. D’Kombinatioun aus Teamentwécklung, Vertrauen, Selbstvertrauen a Biografieaarbecht huet eng ganzheetlech pädagogesch Erfarung erméiglecht.