A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Bouldering

11-11-2022

Am Kader vun den Aktivitéiten déi mir vun der Stad Lëtzebuerg proposéiert kréien wore mir leschte Freideg mat 8 Jugendlechen ee “Stage de découverte am boulderen” an d’Bloc House am Pafendall man. Do konnten déi Jonk sech u ville verschidden Parcoursen versichen, nei Klammtechniken leieren an rausfannen wei wäertvoll a wichteg Kommunikatioun an Ennerstétzung ënnerteneen bei dëser Sportaart ass. Ee gutt Beispill fir dës staark Erfarung ass wann ee selwer un der Mauer hänkt a net méi weider weess an da vun deenen aner guidéiert gëtt wou een hintrëppelen oder graiffe soll.