Bei dësen Awards stoungen d’Jugendlecher am Mëttelpunkt. Zesumme mam Erzéierpersonal hu si d’Evenement matgeplangt, d’Iessen virbereet an d’Dekoratioun gestalt. D’pädagogescht Zil war et, d’Partizipatioun ze fërderen an de Jugendlechen d’Méiglechkeet ze ginn, Verantwortung ze iwwerhuelen an eng Aktioun vu A bis Z matzegestalten. Gläichzäiteg goufen Teamaarbecht, sozial Kompetenzen an d’Gefill vun Unerkennung a Wäertschätzung gestäerkt. De gemeinsame Festowend mat Iessen an Party huet de Gemeinschaftsgeescht gefërdert an eng positiv, verbindend Erfarung fir all Bedeelegt geschaf.
Hei puer Videos vum Owend: