D’Jugendlecher hunn, fir hir Projet Japan finanzéieren ze kennen, ugefaange Schlësselunhänger mat Resin ze maachen. Mee de Finanzement vum Japan-Projet ass net dat eenzeg Ziel wou verfollegt gëtt: Jonker léieren duerch Teamaarbecht hir Iddien auszetauschen, hir Fäegkeeten ze ergänzen an sou gemeinsam hir Ziel ze erreechen. Ausserdeem entwéckelen déi Jonk hir kreativ a kënschtleresch Fäegkeeten duerch d’Aarbecht mat Resin.