A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – kreativen Atelier

28-04-2023

Educatrice Laura huet verschidden artistesch Atelieren animéiert, wou iwwer 12 motivéiert Jonker matgemaach hunn. Sie konnten dobäi hir Lieblingspersonnagë vun Animé-Serien oder Cartoons op Maueren a Diere veréiwegen. Dobäi hunn si hirer Kreativitéit wärend zwou Woche fräie Laf gelooss an hunn dozou bäigedroen dat Jugendhaus Bouneweg mat hire Konschtwierker méi faarweg ginn ass. Dementsprechend identifizéieren sech Participanten nach méi mat der Struktur.