A+
A
A-

Jugendhäiser Leideleng a Bouneweg – Youth for Climate

12-03-2022

Ee Samschdeg hate mir zwou jonk Frae vun “Youth for Climate” ob Besuch fir an engem conviviale Kader iwwert de Klimawandel, den Erhalt  vun der Biodiversitéit esou wei d’Challengë vun der Zukunft an d’Roll vum Mënsch an deem Prozess ze schwätzen. Dobäi ass et drëm gaangen deene Jonken d’Schwéierpunkte vum Klimawandel am “peer-to-peer” einfach a verständlech méi no ze brénge mee virun allem och si ze encouragéiere gemeinsam no Léisungen ze kucke fir selwer aktiv Klimaschutz ze bedreiwen. Nom Workshop gouf na bei engem selwergemaachene Jus iwwer zukünfteg Aktiounen a Projeten am Kader vum Jugendhaus geschwat a jiddwereen ass, op seng eegen Aart a Weis, ee Stéck méi “sensibel” an opmierksam fir eis Ëmwelt Heem gaangen.