A+
A
A-

Jugendhaiser Leideleng a Bouneweg – ING Marathon

11-05-2024

Samschden hu Jugendlecher vum Jugendhaus Leideleng a Bouneweg  zesummen am ING Marathon matgemaach. Eng Grupp vu 15 Jugendlecher waren am Ravitaillement aktiv an nach eng kéier sou vill haten e Stand bei der Badanstalt, wou si Iessen a Gedrénks verkaf hunn. Et ass eng mega flott Ambiance a Synergie tëschent den zwou Gruppen entstan. D’Zieler vun dëser Aktioun waren Aarbecht vum Jugendhaus no baussen ze präsentéieren, dat déi Jugendlech sech hir Projeten zum Deel finanzéieren a virun allem Spaass an eng flott Gruppendynamik ze kreéieren.