A+
A
A-

Jugendhäiser Bouneweg a Sandweiler – Fifa 22 Tournoi

15-10-2021

Och bei dëser Aktivitéit zu Bouneweg am Jugendhaus hu virun allem déi 12-15 Järeg d‘Musék gemaach. Matt vill Begeeschterung sinn si a klengen Equippen zu Zwee an Zwee mat hiren Idoler virtuell géinteneen ugetratt. Duerch déi flott Kollaboratioun mam Jugendhaus Sandweiler haten déi Jonk net just Méiglechkeet nei Frëndschaften ze knäppe mee hunn och geleiert sech am Spill géigesäiteg ze ënnerstëtzen a kloer ze kommunizéieren. Sou ass eng flott an wertschätzend Dynamik zwéscht deene verschiddenen Equippen entstane wou den Teamgeescht an de Fairplay am Virdergrond stoungen.