D’Maison Relais Butzenhaus an Klengt Butzenhaus hunn an der Fuesvakanz eng Fuesparty organiséiert. Kanner sou wei Personal sinn all deen Dag verkleed komm. Egal ob Cowboy, Spider Man, Prinzessin, Indianer… Deen Dag sinn se all no hiren Virbiller verkleed komm. Mat den Kanner gouf moies ewéi mëttes Lidder gesongen an dobäi gedanzt, Fueskichelcher Gebäck, déi Kanner dono och selwer giess hunn. Déi Deeg virun der Fuesparty goufen mat den Kanner schonn verschidden Saachen organiséiert an gebastelt. Et goufen Fueshitt gebastelt,den Turnsall ass den Dag virdrun mat Loftbäll an Fuesschlaangen dekoréiert gin. Sou goufen Kanner och mat abezunn wei se den Turnsall wëllen dekoréiert hunn.