A+
A
A-

Maison des jeunes Neudorf – In Move sings for the climate

02-12-2018

 

D’Jugendlecher aus dem Neiduerfer Jugendhaus hunn de Sonndeg den 2. Dezember, een Dag virum Start vun der COP24 (Klimawandel-Konferenz déi den 3. Dezember zu Katowice ugefaangen huet) hiert Engagement fir de Klimaschutz gewisen. Sou hu si um Event vu Greenpeace „Sing for the Climate“ an der Abtei Neimënster op der Melodie vu „Bella Ciao” „Do It Now gesongen“. Dësen Event ass opgeholl ginn, wärt op de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn a wäert soumat Deel vun der weltwäiter Beweegung “Sing for the Climate” sinn, un där scho méi wéi 400.000 Bierger a Biergerinnen aus 49 Länner deel geholl hunn.