An de leschte Wochen hu mir eis mat de Kanner zesummen op Halloween virbereet!
Zesumme mat de Kanner ware mir op engem Bauerenhaff zu Rued Kürbisse kucken a kafen. Dës goufen duerno mat vill Kreativitéit bemoolt a geschnëtzt.
Och an der Kiche war vill lass: Zesummen hu mir allerlee grujeleg Leckereie gebak!
De kréinenden Ofschloss war eis flott Halloween-Party e Freideg, wou eis kleng Geeschter, Hexen a Monsteren sech vun hirer allergrujelegster, awer och allerléifster Säit gewisen hunn! Dëst schéint Fest hu mir zesumme mat den Eltere gefeiert.
D’Zesummenaarbecht an déi gemeinsam Momenter mat den Eltere leien eis besonnesch um Häerz. E grousse Merci un all déi, déi dëst schéint Fest mat eis gefeiert hunn!