A+
A
A-

Haus vun de Kanner Sandweiler – Halloween

31-10-2025

Fir Halloween hu mir an der Maison Relais flott Aktivitéiten erlieft. D’Kanner hu sech mat vill Freed a Kreativitéit als Hexen, Gespenster, Vampiren an nach vill aner grujeleg Figuren verkleet. Zesumme si mir vu Dier zu Dier gaangen an hunn „Trick or Treat“ gemaach. D’Elteren hunn immens gutt mat eis kooperéiert an eis Bescheed gesot, datt mir bei si schelle kéinten.

Mir sinn zudeem an den Altersheem gaangen, wou d’Kanner mat oppenen Äerm empfaange goufen. D’Bewunner hu sech ganz vill iwwert de Besuch, d’Laachen an déi faarweg Kostümer gefreet. Et war e schéine Moment vun jonk an al zesumme gelaacht hunn. Och an den aneren Haiser goufen d’Kanner frëndlech begréisst a mat Séissegkeete belount.

Nomëttes ass et dann an d’Maison Relais weidergaange mat enger grousser Halloweenparty. Et goufen vill flott Spiller proposeiert. Den Turnsall gouf mat Loftballonen dekoréiert an et gouf e flotte Parcours opgebaut. D’Kanner haten immens vill Spaass a konnten sech richteg ausliewen.

Dësen Dag an der Vakanz war voller Spaass a Spiller. 🎃👻