A+
A
A-

Haus vun de Kanner Sandweiler – Mir feieren Fuesend

18-02-2026

Zesumme mat der Schoul feiere mir all Joer eng grouss Fuesparty.  All Joer hu mir e gemeinsaamt Motto, no deem mir eis verkleeden.  Dëst Joer steet d’Fuesparty ënnert dem Thema „Zoo-Déieren“.

Zesumme hu mir vill flott Atelieren geplangt a ginn dobäi ganz kreativ. Mir bidden  Face-Painting un, an d’Kanner kënnen sech selwer eraussichen, wat si gemoolt kréien. Duerno kënne si eim Fotobooth poseieren, wat hiert Selbstvertrauen, d’Freed um gemeinsaamen Erliefnis an d’sozial Interaktioun fërdert.

Passend zur Fuesend ginn och Masken gemoolt, wou d’Kanner hir Kreativitéit, Konzentratioun a Feinmotorik entwéckelen. Beim Opsetze vun Tattooen léieren si, selwerstänneg ze handelen an Verantwortung ze iwwerhuelen.

Zu enger richteger Fuesparty gehéiert natierlech och gutt Iessen. Beim Dekoréiere vun de Muffins mat Schockela, Smarties, faarwege Streiselen a klenge Stecker stäerken d’Kanner hir Feinmotorik an hir Kreativitéit a erliewen gläichzäiteg d’Freed um gemeinsaame Schaffen.

Fir nach méi Spaass a Spannung suergt d’Piñata. Fir datt déi kleng Iwwerraschunge erausfalen, mussen d’Kanner gutt zielen an d’Piñata treffen. Dobäi léieren si, op hir Rei ze waarden, a verbesseren hir Koordinatioun. Bei dësem lëschtege Spill spillen d’Fairness an d’Anhale vun de Reegelen eng ganz wichteg Roll, fir datt um Enn jidderee seng kleng Iwwerraschung kritt.

Natierlech kënnt och d’Beweegung net ze kuerz! Bei Spiller wéi „Rees no Jerusalem“ oder Stopptanz kënnen sech d’Kanner richteg austoben. Hei ginn hir Reaktiounsfäegkeet an hiert Rhythmusgefill trainéiert, a ganz niewebäi léieren si, openeen ze waarden an d’Reegelen anzehalen. Op enger Party däerf natierlech keng Mini-Disco feelen. Mat lotter Musek a vill Danz kënnen d’Kanner hir Motorik an hiert Kierpergefill verbesseren an zesumme fir eng flott Stëmmung suergen.

Eist Zil fir 2026 ass et, d’Elteren nach méi am Alldag am HvdK mat anzebannen. Dofir hu mir si op eis Fuesparty no der Schoul agelueden.

Dëst war en immens flotten Nomëtteg. Verschidden Eltere ware verkleet a konnten zesumme mat hiren Kanner un den Aktivitéiten deelhuelen. t war schéin ze gesinn, wéi vill Freed d’Kanner haten, hir Elteren an dësem Kader dobäi ze hunn. Zesumme gouf gelaacht, gebastelt, gedanzt a gespillt.

Duerch déi gemeinsam Aktivitéite konnt d’Relatioun tëscht Elteren, Kanner an dem Team vum Haus vun de Kanner nach weider gestäerkt ginn. D’Elteren haten d’Méiglechkeet, en Abléck an eisen Alldag an eis pädagogesch Aarbecht ze kréien. Gläichzäiteg hu mir de perséinlechen Austausch gefërdert.