A+
A
A-

Fuerschertuerm

24-04-2023

Onsen Fuerschertuerm huet eng nei Plaz am Kreativ-Sall kritt. Verschidden Materialien stinn den Kanner hei zur Verfügung. En Mikroskop, Schiertecher, Naturmaterialien, Bicher, Luppen an villes méi. Reegelméisseg ginn hei Experimenter ugebueden fir den Kanner hiren Virwëltz entgéingt ze kommen. Op eng praktesch Art a Weis léieren d’Kanner hiren Alldag ze verstoen. Ennert aanerem begéinen d’Kanner den 5 Elementer aus der Natur an kennen déi eischt Erfahrung aus der Physik an Chimie sammelen.