Zu enger gudder Entwecklung geheiert och dozou dat Kanner sech vill an der Natur beweegen, an d’Natur mat all den Sënner entdecken.
Dobaussen beweegen sie sech, sie kucken , heieren, kennen entdecken, fillen, hier Sënner gin ugereegt an sie benotzen se fir iwwert Sachen déi se an der Natur entdecken, bai ze leieren.
Mer versichen esou vill ewei meiglech mat den Kanner dobaussen ze sinn, domat sie an der frëscher Loft sinn, , méi Fräiraum hu fir sech ze beweegen, wat hierer Motorik ze Gutt kënnt, sie kënnen alles ertasten, an maachen dobaussen vill wichteg Erfahungen, dei hir Entwécklung fuedert.
Wann mer mat den Kanner dobaussen sinn, mierken mer dat sie vill mei ausgeglach sinn. Sie entdecken dobaussen Villes wat sie dobannen nët kënnen.
Beobachten kënnen mer emmer erem dat zumol Steng fir sie intressant sin, an och Blummen zeihen hier Opmieksamkeet un. Sie ertasten , fillen, kucken. Dobaussen sin hier Meiglechkeeten fir ze entdecken méi grouss ewei dobannen.
Aus der Beobachtung eraus dat sie gaer mat Steng spillen, haten mer schon méi grouss Steng bemolt mat Biller, mat deenen sie dobannen gaeren spillen.