Den 11. Juli huet d’Gemeng Sandweiler, zesumme mam Jugendhaus Inter-Actions, fir d’éischt Kéier e Familljefest organiséiert. Zesumme mat de verschiddenen Institutiounen aus der Gemeng, dorënner d’Crèche Piwitsch, de SEA Haus vun de Kanner an de SEA vum Wéier, gouf e flotte Programm mat villen Aktivitéite fir d’ganz Famill geplangt.
Fir all Altersgrupp war eppes dobäi. Déi Kleng hate vill Spaass beim Inte fësche bei verschiddene Waasserspiller, beim Seefeblose fänken an um Waasser Parcours Eng Anlag mat Waasser fir déi neidesch Ofkillung gesuergt fir grouss a kleng.
D’Sprangschlässer hunn och fir vill Begeeschterung gesuergt. Fir déi méi kleng Kanner stoung eng passend Sprangschlass bereet, wärend déi Eeler sech op enger méi grousser Sprangschlass richteg konnten austoben. Donieft war och e Fussballbal Gol opgestallt, wou déi sportlech Kanner hire Foussball Talent konnte weisen.
Natierlech duerften och kreativ Atelieren net feelen. D’Kanner konnten eng schéi Fotosrumm dekoréieren oder mat Pärelen hir eege Braceleten, Ketten oder Schlësselunhänger bastelen an no hirem eegene Goût gestalten.
Fir d’Verpfleegung war natierlech och gesuergt. Jugendhaus an d’Kiche Personal aus de verschiddenen Institutiounen hunn eng Auswiel u leckere Spezialitéite preparéiert, dorënner Gegrilltes, Kuch, Popcorn an alkoholfräi Cocktailen.
Esou e Familljefest ass eng flott Geleeënheet, fir d’Leit aus der Gemeng zesummenzebréngen an de Kontakt tëscht de Familljen, de Kanner an de lokalen Institutiounen ze stäerken. Gläichzäiteg kënnen d’Awunner d’Aarbecht vun de verschiddene Servicer besser kenneléieren an sech an enger entspaanter Atmosphär austauschen.
D’Familljefest war e flotten Dag fir Grouss a Kleng a weist, wéi wichteg gemeinsam Aktivitéite fir Zesummeliewen an der Gemeng sinn.