A+
A
A-

Maison relais Butzenhaus et Garderie Kleng Butzenhaus – Fairtrade Wochen

11-05-2021

Vum 2.Mäi bis den 16.Mäi sinn déi international Wochen vum Fairtrade. Den Foyer de Jour Butzenhaus an d’Garderie « klengt Butzenhaus » hunn sech bedeelegt andeems mir verschidden Aktiounen zum Thema Fairtrade an eisen Strukturen haten.

Eis Kichen huet probéiert dass mer wärend dëser Periode souvill wéi méiglech Fairtradeprodukter an eise Menüen konnten mat verschaffen. D’erzéierescht Personal huet verschidden Aktivitéiten zum Thema “Fairtrade” ugebueden vir d’Kanner op dëst Thematik ze sensibiliséieren.

Zum Schluss krut al Kand eng kleng Titchen déi exklusiv aus Fairtradeprodukter zesummen gestalt gouf mat heem.