A+
A
A-

Fairtrade Frühstück

09-04-2024

An der Ouschtervakanz de 4. Abrëll huet d’Maison Relais Krounebierg an Zesummenarbescht mat der Madamm Laurence Habscheid vun dem Service écologique vun der Gemeng Miersch ee Workshop-Moien zum Thema “Fairtrade fir d’Kanner vum Cycle 3 bis 4” organiséiert.

Beim Fairtrade-Frühstück goufen 4 Atelieren ugebueden, déi d’Bewosstsinn fir Fairtrade an gesond Ernährung bei de Kanner stärken. D’Kanner goufen am Ufank op déi folgend 4 Atelieren opgedeelt an hunn de Roulement gemaach, domat all Grupp all Atelier gesäit:

– Atelier “Liewensmëttelpyramid”

– Atelier “Blind-tasting”

– Atelier “Müsli-Stand”

– Atelier “Info-Stand”

Beim Atelier “Liewensmëttelpyramid” huet et sech ëm eng Beweegungsaktivitéit gehandelt, bei der d’Kanner d’Méiglechkeet kruuten d’Liewensmëttelpyramid besser kennenzeléieren.

Beim Atelier “Blind-tasting” konnten d’Kanner divers Liewensmëttel schmaachen a missten dës erroden, fir den Ennerscheed vu Fairtrade an konventionnellen Liewensmëttel erauszeschmaachen.

Beim Atelier “Müsli-Stand” hunn d’Kanner Uebst gewäsch a geschnidden an a Gruppen hieren eegene Müsli zoubereed, vun deem sie sech beim Frühstück servéiere konnten. Et goufen insgesamt 4 verschidde Sorten Müsli, well all Grupp eng ënnerschiddlech Mëschung zesummegesaat huet.

Beim Info-Stand goufen d’Kanner iwwer Fairtrade anhand vun engem Video informéiert, wou d’Wëssen vun de Kanner anhand vun engem Froebou getest gouf.

Mir hunn de ganze Moien mat engem gemeinsame Frühstück ganz nom Motto “Fairtrade a gesond Ernährung” ofgeschloss.