A+
A
A-

Maisons des jeunes Clausen et Neudorf – Europarallye

24-05-2019

Vill Jugendlecher sinn e Bësse veronséchert wann se di éischte Kéier musse wiele goen. Fir souwuel groussjäreger wéi och mannerjäreger dorop virzebereeden huet d’Jugendhaus Neiduerf / Clausen déi Jonk agelueden un engem Workshop deelzehuelen. Dëse war als Rallye mat 4 verschiddene Statiounen opgebaut an deem si konnten iwwert e spilleresche Quiz eppes iwwert d’Entstehung vun der EU an seng Ziler léieren, si konnten op engem Wahlspecimen vum 26. Mee an enger Wahlkabinn üben a se konnten iwwer veschidde Politesch Froe mat engem Ex-Europa-Beamten diskutéieren. Ronn 30 Jonker hunn sech mobiliséiert fir op spillerescher Manéier eppes iwwert d’EU ze léieren an hunn e positive Feedback ginn.