A+
A
A-

Escher Kannervilla – Mer gin an de Stall

01-03-2017

FullSizeRender1Lescht Woch hun mer mat eisem neien Projet ugefaangen: “Mer gin an de Stall” (Gruppen 2-4 Joer)

Heimadder wëllen mer de Kanner d’Déieren méi noo brengen, well mer festgestallt hun, dass verschidden Kanner entweder d’Déieren faerten oder iwwerhaapt nët wëssen wéi een Déier a Wierklechkeet ausgesait. Aaner Kanner sin immens faszinéiert vun deenen verschiddenen Déieren an mer wollten hinnen dann och d’Meiglechkeet gin hier positiv Eegenschaften auszebauen.

Eis war et wichteg, dass d’Kanner d’Déieren nët nëmmen op Biller/Fotoen gesin,FullSizeRender2 mee och mat all hieren Sënner kënnen begräifen:

sie konnten d’Päerd kämmen; sie hun d’Kou heieren wéi se ge-muht huet, sie sutzen um Päerd an hun missten d’Glaichgewiicht haalen an sie konnten d’Geessen heemelen.

Usech, wollten mer eemool den Mount mat e puer Kanner an de Stall goen, mee well sie esou begeeschtert waren, maachen mer daat elo all 2 Wochen. Esou huet all Kand d’Meiglechkeet eng Kéier dohinner ze goen.

An Zukunft, wert dësen Projet nach e bëssen erweidert gin, andeems mer nach eng Keier mat der Päerdskutsch werten fueren; eng Stonn mat deenen méi groussen Kanner werten reiden…

Den Oofschloss vum Projet wier dann eventuell mat all de Kanner een Daag am Stall ze verbrengen an och ee Picknick do ze maachen.

 

FullSizeRender4 FullSizeRender8

FullSizeRender9 IMG_2455

IMG_2457 IMG_2459

IMG_2479 IMG_2482

IMG_2499 IMG_2502