Am kader vum Black History Month invitéiren de Service Ensemble Quartiers Diddeleng, One People – ASBL an de Centre national de l’audiovisuel (CNA) Iech fir de Kultfilm „Malcolm X“ vum Spike Lee z’entdecken, deen de Parcours vun enger emblematescher Figur am Kampf fir Biergerrechter vun den Afro-Amerikaner erzielt.
No der Projetioun fënnt en Austausch mam Historiker Amzat Boukari-Yabara statt, Spezialist fir Befreiungsbeweegungen a panafrikanesch Kämpf. Eng wichteg Geleeënheet fir zesummen iwwer d’Nofolleg vu Malcolm X an iwwer seng Aktualitéit an eise Gesellschaften nozedenken.
De Cine-Debat gëtt duerno mat engem gemittleche Get-together ronderëm kleng Häppchen ofgeschloss.
D’ Entrée ass gratis; eng Umeldung ass erwënscht.