Am Kader vum Projet „Mäi Schoulwee mam Vëlo“ huet d’Elterevertriedung vu Miersch a Collaboratioun mam Schoulcomité den 8. Juni 2022 e Stärentour organiséiert. Den Travail communautaire vu Miersch war och mat dobäi vir mat de Kanner zesummen de sécherste Wee mam Vëlo bis an d’Schoul ofzefueren.