A+
A
A-

Ensemble Gare/Bonnevoie – Solidaritéits Schlaang

06-05-2020

Haut huet eisen Service Ensemble Gare/Bonnevoie en kreativen Projet mam Numm “Solidaritéits-Schlaang” am Parc Kaltreis zu Bouneweg gestart. D’Solidaritéits-Schlaang kann vu jidderengem matgestalt ginn. Wéi fro Dir Iech? Sicht einfach dobaussen no engem Steen, deen Dir dann no Äre Wënsch verschéinert an leet en dobei. D’Ziel ass et, dass d’Schlaang esou laang wéi méiglech gëtt an esou mat een Zeechen fir d’Solidaritéit an den Zesummenhalt setzt.
Mir géingen eis doriwwer freën wann Dir eis eng Foto vun ärem Steen op communautairegare@inter-actions.lu schécken géift oder eis per Messenger op Facebook matdeelt.
Macht mat an loosst eis zesummen kucken wie laang eis Schlaang gëtt!