A+
A
A-

Ensemble Gare/Bonnevoie – Pause-Café op der Place du Parc

22-05-2020

En Freideg den 22. Mäi huet eisen Service Ensemble Gare/Bonnevoie nees eng Kaffispaus organiséiert mais des kéier net wei üblech an der Buvette vun den Rotonden mais dobaussen op der Place du Parc zu Bouneweg domat d’Hygiène an d’Distanzmoossnamen déi nach a Kraaft sinn respektéiert kennen ginn. Eis Participanten waren ganz frou iwwert des Initiative an hunn sech gefreet no dëse Woche vun Isolatioun sech nees mat hieren Noperen & Frënn dobaussen dierfen ze treffen.

An Zukunft wäert eis Kaffispaus bei guddem Wieder ëmmer dobaussen op der Place du Parc stattfannen, vun 9h30 bis 11h30. Wichteg ass séin Mask net ze vergiessen an unzedoen wann déi 2 meter Distanz net kennen angehaalen ginn.