A+
A
A-

Ensemble Gare/Bonnevoie – Online Pause-Café

03-04-2020

Haut den Moien war en ganz besonneschen Freiden fir eisen Service, well dësen seng éischt Online Pause-Café gestart huet. Insgesamt huet dësen Online Treffen immens gutt geklappt, trotz déi eng oder déi aner ,,technesch’’ Pannen. Mee dat huet eis net dovun ofgehalen gutt ze laachen. Vun Hënn an der Kamera bis zur Verkleedungen war alles dobäi! Kreativitéit an Humor ass bei eis ëmmer gär gesinn, an dat schéngt Online nach méi einfach ze sinn. Dofier hunn mir entscheet, an denen nächsten Wochen weiderhin all Freiden um 9 Auer moies eng Online Pause-Café ze maachen.

D’Pause-Café bidd open Diskussioun fir jiddereen an gëtt och jidderengem d’Méiglechkeet sech trotz Quarantän weiderhin ze treffen, sech auszetauschen an d’Erliefnisser vun dëser ongewéinlecher Zäit ze deelen. Mir hunn och fir, nach méi Online Aktivitéiten unzebidden. Dofier kruten mer schon haut e puer Iddien ran, wéi en Online Apéro an een Online Repas presque parfait. Falls Dir also nach weider Iddien hutt, kennt Dir eis gären schréiwen (op communautairegare@inter-actions.lu). All Propose ass wëllkomm!

Fir all déi, di intresséiert sinn matzemaachenlueden mir Iech häerzlech an! Den Link zu der Pause-Café mailen mir Iech den Dag selwerDofir musst Dir nëmmen d’Applikatioun Webex op Ärem PC, Laptop, Tablett oder och Handy installéieren.

Falls dir Hëllef bei dësen Demarchen bräichtkënnt Dir eis gären uruffen (621 152 008).   

Mir hoffen Iech e Freiden kënnen ze gesinn. Bis dohin bléift gesonnt a monter !

Datum fir di nächst online Pause-café: 

10. Abrell 2020 – 9.00 bis 11.00 Auer