A+
A
A-

Ensemble Gare/Bonnevoie – Newsletter & Umfrage

08-04-2020

Den 7 Abrëll waren mir fir Iech Bouneweger ënnerwee an hunn Flyeren verdeelt. Mir hunn déi Flyeren verdeelt fir Iech opmierksam op eisen Service ze maachen an dorop, dass mir Iech an dësen Zäiten ënnerstëtzen wëllen. Et handelt sech em een Infoblat an em een Froebou, deen Dir ausfëllen an un eis zréckschécken kennt. Mat dëser Ëmfro probéieren mir en Abléck ze kréien wéi d’Bewunner vum Quartier Bouneweg déi aktuell Situatioun erliewen. Déi Ëmfro déngt engersäits dozou den Hëllefsbedarf ofzeschätzen an anerersäits ugepassten Léisungen bzw. Déngschtleeschtungen unzebidden. Mir probéieren op är Wënsch an Iddien anzegoen an esou gutt wéi méiglech ze hëllefen.

Beim Verdeelen vun den Flyeren sinn mir villen, feinen an kooperativen Bierger begéint. Net nëmmen goufen mir frëndlech begréisst mee mir kruten souguer och Händchen ugebueden fir eis selwer ze schützen. Et huet eis och immens gefreet ze gesinn dass vill Léit sech un d’Uweisungen vum Ministère halen an doheem bleiwen oder wann si raus ginn, sech haaptsächlech an der fräier Natur beweegen.

Villäicht wäerten mir eis an deenen nächsten Deeg begéinen, wann mir bis laanscht bei är Bréifboîte kommen. Mir hoffen, dass Dir weiderhin gesond bleift an wënschen Iech nach eng schéin Woch.