Vum 31.08. bis de 04.09. stoung bei eis an der Vakanz alles ënnert dem Thema „Camping“. Als besonneschen Ofschloss vun eiser Camping-Woch hu mir eis eppes ganz Spezielles ausgeduecht: D’Kanner konnten hir alleréischt Nuecht am Haus vun de Kanner verbréngen.
Um 18:30 Auer sinn d’Kanner ukomm a mir hunn den Owend mat enger gemeinsamer Aktivitéit ugefaangen. Zesummen hu mir Pizza preparéiert. All Kand konnt seng Pizza no sengem eegene Goût beleeën, mat Kéis, Geméis, Tomatenzooss a wat soss nach gefall huet. Hei konnten d’Kanner vill selwer entscheeden an dobäi Verantwortung iwwerhuelen.
Duerno hu mir eis selwer gemaachte Pizzaen zesummen giess. Dat war e flotte Moment, fir sech auszetauschen an huet d’Gemeinschaftsgefill gestäerkt.
No eisem Iessen war et Zäit fir e gemittleche Filmowend. Zesumme mat de Kanner hu mir decidéiert, wéi ee Film mir kucke wollten. D’Kanner hu sech fir „Lizzie – Doheem um Bauerenhaff“ entscheet. Natierlech dierft bei engem Filmowend de Popcorn net feelen! Zesumme mat de Kanner hu mir de Popcorn selwer gemaach. Dobäi konnten d’Kanner aktiv matmaachen, selwer matentscheeden a kleng Aufgaben iwwerhuelen.
An eisem Rouatelier hu mir et eis richteg gemittlech gemaach. D’Better an d’Decke ware scho virbereet, sou datt eng gemittlech a sécher Atmosphär entstoe konnt.
Wéi de Film eriwwer war, war et Zäit, sech op d’Nuecht virzebereeden. D’Kanner hunn sech selwer fäerdeg gemaach, d’Zänn gewäsch an hire Pyjama ugedoen. Duerno konnt all Kand säin eegent Bett aussichen.
Fir den Owend roueg ofzeschléissen, hunn d’Begleeder de Kanner nach eng kleng Massage gemaach. Dëst huet hinnen gehollef, sech ze entspanen, zur Rou ze kommen an sech op d’Nuecht anzestellen.
Déi éischt Iwwernuechtung am Haus vun de Kanner war e ganz besonnescht Erliefnis fir eis all.