A+
A
A-

Elterenfrühstück an Ouschtereeërsich

29-03-2024

Den 28 März, hun d’Erzéiher vun de Bébésgruppen en Elterenfrühstück organiséiert. Eise Kach, de Roberto, huet dofier e gudd Frühstück zesummengestallt.

Mer hun d´Elteren invitéiert Moies mat eis an den Kanner ze frühstücken. Noom Frühstück kruut all Kand säin Ouschternascht an huet sech dun mat sengen Elteren op d’Ouschtereeërsich gemaach.

Den Roberto ass op en Kaffi dobäi komm an d´Elteren hun dann och mat him konnten babbelen. Sie hun et flott fonnt och emool kënnen de Kach kennenzeléieren.

D’Elterefrühstück war e groussen Succès. Et sinn vill Elteren komm, an d’Ambiance war gutt. Mer konnten mat den Elteren an enger entspaanter Situatioun schwaetzen, an d´Elteren hun och vill ennerteneen geschwat an gelaach.Et war en convivialen Moment, deen eis an den Eltren en Austausch gebueden huet, deen iwwert den normalen klengen alldeeglechen Austausch eraus geet.

D´Ouschtereeërsich war en vollen Erfolleg, Kanner an Elteren haten Spaass dorun, verschidden Pappen waren immens motivéiert an hu ganz aktiv gesicht.

Opallefall ass dest eppes wat mer beibehaalen wëllen, d´Elteren mat anzebannen well esou entstinn Momenter, déi den Elteren d’Gefill vun Dozougeheiren vermëttelen an sie fillen sech wëllkomm bei eis.