A+
A
A-

Crèche Babasi – D’Schoulvakanzen

16-05-2025

Eng super Geleeënheet fir aus dem gewinnten Alldag erauszekommen an kleng Ausflich ze maachen…

Fir déi eng geet et an d’Schwämm: sech am Waasser austoben, d’Rutschbanne genéissen, laachen a mat de Kolleegen Spaass hunn… einfach eng flott Zäit!

Fir anerer war de Barfußwee zu Méderenach eng nei Erliefnis voller Gefiller: et ass kal, et këddelt, et pickt, et ass mëll… Eng schéin Entdeckung fir eis kleng Féiss.

Mir hu vun engem flotten Ausfluch an den Escher Déierepark profitéiert: eng kleng Spadséiergank fir Déieren z’entdecken. Si fidderen, observéieren, heiansdo esouguer streichelen – alles an enger léifer a frëndlecher Ambiance.

An da war nach de Bësch! Wat en herrlecht Spillfeld. Mir waren e puer Mol do, fir d’Déieren ze entdecken, déi do wunnen, an hir Geräischer mat der Hëllef vu flotte Bicher kennen ze léieren. Mat eisem Entdecker-Set – besonnesch d’Lupp – hu mir déi kleng Insekten an déi mikroskopesch Liewenswelt vum Bësch gekuckt.

Wat fir eng Freed sinn dach d’Schoulvakanzen!