A+
A
A-

D’Natur erliewen – mat de Kanner am Bësch

17-08-2026

 

Mir hunn zesumme mat de Kanner e flotten Ausfluch am Sandweiler Bësch gemaach. Nodeems mir am Bësch ukomm waren, hu mir eis fir d’éischt gemeinsam eis Ëmgéigend ugekuckt an iwwer wichteg Reegelen an de Verhalen am Bësch geschwat. Mir hunn zesumme gekuckt, op wat mir oppasse mussen a wéi mir respektvoll mat der Natur ëmgoen.

Als flott Aktivitéit hu mir zesumme mat de Kanner eng kleng Hütt gebaut. Mat Stécker, Blieder, Moos an aneren Naturmaterialien hunn d’Kanner zesumme geschafft an hir eegen Hütt gebaut. Dobäi konnten si léieren, zesummen ze plangen, sech géigesäiteg ze hëllefen an als Team ze schaffen.

Mir hunn mat Materialien aus der Natur verschidde Biller aus Blieder, Stécker, Blummen an aneren Naturmaterialie gemaach. All Wierk war eenzegaarteg an huet d’Fantasie an d’Kreativitéit vun de Kanner gewisen.

Wann ee vill entdeckt a schafft, kritt een natierlech och Honger. Dofir hat eis Equipe vun da Kichen e leckeren Picknick fir eis virbereet. Mir krute Bréidercher mat Poulet a Salami oder Kéis , an als Dessert Waassermeloun a selwer gemaachte Kichelcher. Zesumme konnte mir e leckert Iessen an der Natur genéissen.

Et war e ganz schéinen Dag mat vill Spaass a flotte Momenter. D’Kanner konnten d’Natur entdecken, nei Saache léieren, kreativ sinn an zesumme vill Spaass hunn.