Dëst Joer hu mir mat de Kanner aus eisem Haus un engem flotte Concours deelgeholl, dee vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) organiséiert gouf.
Bei dësem Concours stinn d’Meenungen, d’Gefiller an d’Rechter vu Kanner a Jugendlechen am Mëttelpunkt. D’Kanner konnten hir Iddien zu verschiddenen Theme weisen: Wat mécht Kanner glécklech? Wat mécht hinne Suergen? Wat fannen si onfair oder net gutt? A wat kéint gemaach ginn, fir dass et de Kanner besser geet?
Eis dräi Plakater
D’Kanner aus eisem Haus hunn zesummen un dräi Plakater geschafft. Mat vill Kreativitéit hunn si selwer Biller gemoolt, fir hir Iddien a Gedanken ze weisen.
Op eisem éischte Plakat hu mir gesammelt, wat Kanner glécklech mécht. Hei hu Kanner Biller gemoolt iwwer Famill, Frënn, zesumme spillen, Déieren an Hobbyen .
Op eisem zweete Plakat hu mir eis mat der Fro beschäftegt, wat onfair ass oder wat mir net gutt fannen. Mir hu geschwat iwwer Mobbing, Ausgrenzung, wann een net nolauschtert an iwwer Situatiounen, an deenen net jidderee gläich behandelt gëtt. Och hei konnten d’Kanner hir Gedanken a Form vu Biller ausdrécken.
Zum Schluss hu mir eis gefrot: Wat kéinte mir maachen, fir dass et de Kanner besser geet?
Hei waren d’Iddie vun de Kanner kloer: nolauschteren, hëllefen, zesummenhalen, deelen, jidderee matspille loossen a respektvoll matenee sinn. Och dës Iddien hunn d’Kanner mat hire selwer gemoolte Biller gewisen
D’Kanner konnten hir Iddie mat vill Kreativitéit a Freed ëmsetzen. Et war eis wichteg, dass si net nëmmen eppes fir de Concours maachen, mee och mierken, dass hir Meenung wichteg ass an dass si eppes ze soen hunn.