A+
A
A-

D’Jugendhaus Leideleng setzt op Participatioun a Demokratie beim Nopeschfest

26-05-2026

Am Kader vun der Nopeschfest organiséiert d’Jugendhaus Leideleng eng interaktiv Aktivitéit ronderëm d’Thema Participatioun an Demokratie. Ënnert dem Motto „Mäi Quartier, meng Stëmm – zesumme fir muer“ kréien dei Jonk aus dem Jugendhaus an Awunner d’Méiglechkeet, hir Iddien, Wënsch a Virschléi fir e méi liewegen an inklusiven Zesummeliewen am Quartier anzebréngen.

Duerch e kreative Mur vun den Iddien, kleng Austauschmomenter an eng symbolesch Ofstëmmung kënnen d’Participanten aktiv matgestalten a weisen, wat hinnen an hirem direkten Ëmfeld wichteg ass. Dobäi geet et net nëmmen ëm d’Ofgi vun enger Stëmm, mee virun allem ëm d’Nolauschteren, d’Diskutéieren, d’Matdenken an d’gemeinsaamt Entscheeden.

Dës Aktivitéit soll de Biergerdialog stäerken, d’Generatiounen zesummebréngen an de Jonken eng konkret Méiglechkeet ginn, demokratesch Prozesser op eng lieweg an zougänglech Manéier ze erliewen.

Mat dësem Projet wëll d’Jugendhaus Leideleng dozou bäidroen, d’Zesummeliewen am Quartier ze fërderen an ze weisen, datt Participatioun schonn am Klengen ufänkt: mat enger Iddi, engem Gespréich an der Bereetschaft, zesummen eppes ze beweegen.