Ëmwandlung vum Grill an e Pizzauewen
Déi Jonk aus dem Jugendhaus In Move vu Neiduerf si ganz houfreg op hire Pizzauewen un deem si während 3 Deeg ganz fläisseg geschafft hunn. D’Virfreed op di éischt Pizza ass grouss, allerdéngs musse si sech mindestens 2 Woche gedëllege bis den Uewe gedréchent ass an dat éischt Feier kann ugemaach ginn.
E grousse Merci un d’Firma Emil Antony wou e grousszügege Geste fir déi Jonk gemaach huet an ouni déi si dëse Projet vläicht net hätte kënne verwierklechen.