A+
A
A-

Foyer Diddelfamill – Diddelenger Waassertuerm

24-10-2024

Eng vun eisen Aufgaben ass et den Kanner ze weisen wat et an hirem Wunnquartier vu Ressourcen oder Aussergewéinlesches gett. Dat ass net nemmen wichteg dat se sech besser mat hirem Quartier können identifizéieren, mee och stärkt dat d’Zesummengehéieregkeetsgefill vun denen eenzelen.

An desem Kader war et d Visite vun engem vun den Diddelenger Wahrzeeschen, de Waassertuerm. Den Tuerm steet niewt dem Pomhouse an dem Kulturzenter an ass am ganzen Land an iwwert d’Grenzen bekannt. D’Diddelfamill ass op e puer honnert Meter dovunner an dofir maachen waren mer dohinner. Den Tuerm geseit net nemmen vu baussen impressionnant aus. mee et kann een och mam Lift bis ganz erop. Uewen ass den Tuerm verglast sou dat een eng wonnerschéin Vu op Diddeleng huet an eben den italieneschen Quartier an den Deich, dei 2 Véierel wou eis Kanner an hir Famillen wunnen.