A+
A
A-

Maison des jeunes Gasperich – D’Hondsfrënn Gaasperech

11-04-2019

An deene leschte Wochen huet d’Jugendhaus Gaasperech zesumme mat de Jugendlecher reegelméisseg d’Déierenasyl Gaasperech besicht. All Donneschden, ginn e Grupp vu Jugendlecher, d’Hënn vum Déierenasyl spadséieren: net nëmmen déi Jonk sinn dobäi mat Spaass, mee besonnescht d’Hënn freeën sech ob Besuch.

Wann och du en Déierefrënn bass a Loscht hues, en Hond glécklech ze maachen, da komm laanscht an d’Jugendhaus Gaasperech a schreif dech an.