A+
A
A-

Escher Kannervilla – Deene Klengsten hieren alleréischten Schnéi !

05-02-2019

De Schnéi ass eng grouss Faszinatioun fir d’Kanner. Et ass schéin hir Reaktioun op deen alleréischten ze gesin deen sie erliewen. Et ass flott fir ze gesin, wéi d’Landschaft enert der waisser Pracht verschwënnt.

De Schnéi ass super dofir geegnet kreativ ze sin an d’Landschaft néi ze entdecken. Déi eng wëllen de Schnéi unpaaken, schmachen, en schéissen…, dann gin mir hinen déi Méiglegkeet an passen op, dass de Schnéi propper ass an onberéiert.
Vill Kanner formen gaer domat, zerdrecken en, setzen sech gaer domat auserneen.

Mee se sin awer nët all dovun begeeschtert, verschiddener hun schon Angst wann se de Schnéi faalen gesin, Sie wëllen nët eraus, faerten zb ‘déi waiss Saach’ oder de Kameidi den entsteht, wann een durch de Schnéi trëppelt, …

Mir fëllen aus dem Grond fir d’eischt eng Biitchen/an Baseng mat Schnéi an sie kënen dat Ganzt aus sëcherer Entfernung kucken, sou gesin se, dass ët naicht schlemmes ass, dass ët eigentleg just Wasser ass, an verléieren esou vlait hier Angst. Dono gin mir dann eraus spillen…