A+
A
A-

Clubs Senior – De Club am Duerf : Méi no bei Iech!

08-03-2024

Dir frot Iech, wien déi Leit mat den Inter-Actions Jacketten oder T-Shirte sinn, déi Dir hei an do an Ärem Duerf gesitt? Dat si mir, de Club Aktiv+ aus ärer Regioun 😀

Mir kommen regelméisseg bei Iech an d’Duerf fir nach méi no bei Iech ze sinn, dofir heescht dës Aktivitéit „Club am Duerf“. Gären kennt Dir op eisem Tour e bessen mat eis poteren. Mir sinn op fir Är Froen oder Är Propose fir eng Aktivitéit ze organiséieren. Wann Dir nach keng Broschür vun eis kritt hutt, kennt Dir eis gären drop uschwätzen, mir hunn eise Programm emmer bei eis.

Dir wëllt wëssen, wéini a wou mir bei Iech an der Gemeng sinn; rufft eis un an Dir kritt all Informatiounen fir eise „Club am Duerf“.

+352/2683743 vir den Inter-Actions asbl – Nordstad Aktiv +

+352/281374 vir den Inter-Actions asbl – Club Wëlle Wäin

Dësen Projet ass ënnerstëtzt an finanzéiert vun aise Partner:
Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil