Reegelméisseg besiche mir mat eise Kanner e lokale Bauerenhaff aus eiser Gemeng. Dës Visitte bidden de Kanner d’Méiglechkeet, hir direkt Ëmwelt aktiv ze entdecken an de Bauerenhaff mat all hire Sënner ze erliewen.
Dobäi sti virun allem d’Interesse vun de Kanner am Mëttelpunkt: Si däerfe beobachten, Froe stellen an alles entdecke wat et um Bauerenhaff ze gesi gëtt.
Duerch déi reegelméisseg Visitte kënnen d’Kanner Verännerungen um Haff an an der Natur iwwer d’Joer matverfollegen a gläichzäiteg entdecken, wou zum Beispill d’Mëllech hierkënnt.
Besonnesch wichteg ass eis dobäi och d’Zesummenaarbecht mat de Mënschen aus eiser Gemeng. Esou schafe mir gemeinsam wäertvoll Erfarungen a ginn de Kanner d’Méiglechkeet, hir Gemeng an déi Leit, déi do liewen a schaffen, besser kennenzeléieren. E grousse Merci un de Bauerenhaff Almo Agri, den eis spontan Visitte vum Bauerenhaff erméiglecht.