A+
A
A-

Maison des jeunes In Move – Cupcake Fever

09-11-2019

De Samschden de 9. November waren déi Jonk aus dem In Move ganz am Cupcake Féiwer. Team Framboise an Team Choco hu, niewt dem baken och driwwer geschwat firwat et fir eise Planéit ze schütze wichteg ass dass mir als Konsumente bestëmmte Produit’en virzéien. Sou goufen et dës Kéier souwäit et méiglech war Bio a lokal Cupcake. Soumat wier dann och schonn eng Aféierung an de Projet vun 2020 gemaach: „Don’t think, ACT green!“