A+
A
A-

Ensemble Al Esch-Brill-Grenz – Cuisinons et goûtons Ensemble la Colombie

01-03-2017

Am Kader vun eisen Quartier Aktivitéiten, huet den Travail Social Communautaire Ensemble Al Esch-Brill-Grenz den Mëttwoch 1. März déi zweet Editioun « Cuisinons Ensemble » organiséiert.

17092858_10206622942612595_663695758_oZesummen mat eiser kolumbianescher Awunnerin aus dem Quartier, Gloria, hunn mir d’Liewensmëttel besuergt.  An der Kichen vum Biergerhaus huet d’Gloria den Rôle vun der « chef de cuisine » iwwerholl, an eis duerch déi kolumbianesch Kichen begleet. D’Léit aus dem Quartier, d’Responsabel vum Escher Club Seniors an den Escher Foyer de Jour « Espérance » vun der ALA (Association Luxembourgeoise Alzheimer), souwéi eng Member aus den Commission de l’Intégration vun Esch, hunn bei enger angenehmer Ambiance zesummen geschnëppelt an gekacht.

Nom gemeinsamen Kachen, sinn mir dann an den kulinareschen Genoss vum Gloria sengem “Pollo con arroz” (Poulet mat Reis) an vill Geméis komm.

Matt der Spull ass och en flotten erfollegräichen Kachdaag op en Ënn gaang, an mir freeën eis op déi nächsten Editioun « Cuisinons Ensemble » déi am Abrëll wäert stattfannen.

 

 

17035981_10206622958612995_1942522760_o 17035942_10206622942532593_1342828551_o 17093133_10206622941492567_1769535505_o

17035877_10206622950772799_1003283247_o

16990973_10206623193538868_2125675051_o 17035760_10206623193378864_396911210_o 17036518_10206623192458841_299523628_o 17106016_10206623195898927_454352805_o 17035892_10206622964693147_2099334210_o 17091079_10206623195538918_828762488_o 17035749_10206622953172859_1081360109_o 16990973_10206623193538868_2125675051_o 17091190_10206623187578719_1208287986_o 17091133_10206622942212585_1943436070_o 17036877_10206622941092557_902371256_o

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

17101513_10206622941612570_754765299_o