Am Kader vun eisen Quartier Aktivitéiten, huet den Travail Social Communautaire Ensemble Al Esch-Brill-Grenz den Mëttwoch 1. März déi zweet Editioun « Cuisinons Ensemble » organiséiert.
Zesummen mat eiser kolumbianescher Awunnerin aus dem Quartier, Gloria, hunn mir d’Liewensmëttel besuergt. An der Kichen vum Biergerhaus huet d’Gloria den Rôle vun der « chef de cuisine » iwwerholl, an eis duerch déi kolumbianesch Kichen begleet. D’Léit aus dem Quartier, d’Responsabel vum Escher Club Seniors an den Escher Foyer de Jour « Espérance » vun der ALA (Association Luxembourgeoise Alzheimer), souwéi eng Member aus den Commission de l’Intégration vun Esch, hunn bei enger angenehmer Ambiance zesummen geschnëppelt an gekacht.
Nom gemeinsamen Kachen, sinn mir dann an den kulinareschen Genoss vum Gloria sengem « Pollo con arroz » (Poulet mat Reis) an vill Geméis komm.
Matt der Spull ass och en flotten erfollegräichen Kachdaag op en Ënn gaang, an mir freeën eis op déi nächsten Editioun « Cuisinons Ensemble » déi am Abrëll wäert stattfannen.