Am leschte Mount huet sech bei eis an der Crèche alles ëm d’Thema Päiperlek gedréint. Zesumme mam Buch « Die kleine Raupe Nimmersatt » konnten d’Kanner op spilleresch Aart a Weis an d’Welt vun de Raupen a Päiperleken andauchen. Besonnesch spannend war et, dass d’Kanner d’Raupen an der Crèche observéiere konnten. D’Kanner hunn aus noer Distanz mat erlieft, wéi sech d’Raupe verännert hunn, sech verpuppt hunn an zum Schluss zu schéine Päiperleke gi sinn.
Als Ofschloss vun eisem Projet hu mir de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher besicht, wou d’Kanner d’Déieren nach eng Kéier vun no konnte bewonneren. Duerch esou Erliefnisser gëtt d’Natur fir d’Kanner konkret a lieweg. Si léieren Gedold, staunen iwwer Entwécklungsprozesser a bauen eng wäertvoll Bezéiung zur Ëmwelt op.
Fir eis ass et wichteg, dass d’Thema Natur net just a kuerzen Aktivitéiten opgegraff gëtt, mee dat et mat an de Kanner hiren Alldag integréiert gëtt. Kanner léieren nohalteg, wann si Themen iwwer eng méi laang Zäit erliewen, observéieren a mat alle Sënner entdecke kënnen.