A+
A
A-

Crèche Babasi – Vältesdag an der Crèche

20-02-2026

Fir Vältesdag ass et bei eis an der Crèche ganz häerzlech ginn. Zesumme mat vill Freed a Kreativitéit hunn d’Kanner kleng Iwwerraschunge fir hir Eltere gemaach. Mat vill Häerzer an enger grousser Portioun Léift si flott Konschtwierker a kleng Cadeauen entstanen.

Dobäi stoung net nëmmen d’Bastelen am Mëttelpunkt, mee och d’Thema „Léift a Wäertschätzung“. Mir hu mat de Kanner doriwwer geschwat, wéi schéin et ass, engem aneren eng Freed ze maachen an „Merci“ ze soen.

D’Kanner ware ganz houfreg op hir Wierker a konnten et kaum erwaarden, den Elteren hir Konschtwierker zesumme mat enger Rous ze iwwerreechen.