A+
A
A-

Crèche Babasi – Planzen fir eis Crèche

17-04-2026

Participatioun bedeit fir eis, d’Iddien an d’Wënsch vun de Kanner eescht ze huelen an zesummen ëmzesetzen. Am Gespréich iwwer d’Fréijoer hunn d’Kanner de Wonsch geäussert, méi Natur an eis Crèche ze bréngen.

Zesummen hu mir iwwerluecht, wéi mir dës Iddi kënne verwierklechen, an hu gemeinsam decidéiert, an e Geschäft ze goen. Do konnten d’Kanner selwer eraussichen, wéi eng Planzen si mat huele wëllen.

Zënterhier sinn d’Planzen e feste Bestanddeel vun eisem Alldag. D’Kanner këmmeren sech ëm si, beobachte wéi se wuessen an iwwerhuele Verantwortung.

Sou erliewen d’Kanner ganz konkret, datt hir Meenunge gehéiert ginn an si hiren Alldag aktiv matgestalte kënnen.