A+
A
A-

Crèche Babasi – Ouschteren an der Crèche Babasi

03-04-2026

Wéi mir zesumme mat de Kanner iwwert den Ouschterhues geschwat hunn, hu mir eis d’Fro gestallt, op hien dann och géif bei eis op Besuch kommen. D’Kanner hu gemengt dat hien nach e laangen Ouschterweekend virun sech huet a wollten him eng kleng Freed maachen. Ganz houreg hunn d’Kanner him lauter kleng Ouschtereeër präparéiert, déi sie mat Gras gefëllt hunn. D’Kanner wollte sécher goen dat den Ouschterhues genuch Energie huet, fir den anere Leit eng Freed ze maachen. Am Nomëtten ass den Ouschterhues dunn och bei eis passéiert an huet de Kanner als Merci hir gebastelt Ouschterkierf mat e puer leckere Séissegkeete gefëllt.