Am Kader vun eisem Projet „Meng Crèche, meng Welt“ entdecke mir zesumme mat de Kanner eis Gemeng.
Bis elo hunn mir d’Spillplazen an d’Bëscher vun eiser Gemeng entdeckt, d’Pompjeeë besicht an Zäit an engem Reitstall verbruecht. An den ko
Duerch dës gemeinsam Erliefnesser wëlle mir de Kanner hiert direkt Ëmfeld méi no bréngen, hir Virwëtzegkeet fërderen an d’Verbindung mat eiser Gemeng stäerken.
E grousse Merci un de CIS Bauschelt an un Dixen Horses fir hir Zäit an déi flott Ablécker!
Mir freeën eis schonn op vill weider Entdeckungen, Begéinungen a flott Momenter an eiser Gemeng!