A+
A
A-

Crèche Babasi – Liichtmëssdag 2026

20-02-2026

Och dëst Joer ware mir mat de Kanner aus der Crèche Babasi souwéi mat anere Kanner aus der Gemeng, zu Baschelt ënnerwee fir de Liichtmëssdag ze feieren.

Mir haten eis an dräi verschidde Gruppen opgedeelt a sënn vun Haus zu Haus schelle gaang fir de Leit « Léiwer Härgottsblieschen » ze sangen. D’Kanner ware stolz, den Awunner hir Lampione weisen ze kennen, an déi si déi letzt Woche vill Aarbecht investéiert hunn. Belount goufen d’Kanner du mat allerlee Séissegkeeten, déi zum Schluss an der Crèche opgedeelt goufen.

Ausserdeem hunn si Sue kritt, déi benotzt ginn, fir am Kader vun der Aktioun „L’arbre à vœux“ vun der Gemeng Bauschelt an Zesummenaarbecht mam Office social de Wiltz aner Kanner ze verwinnen. Mir si gutt verwinnt ginn – elo ass et un eis, och anerer ze verwinnen. Dës Aktioun ass eng staark Symbolik fir d’Wäerter, déi d’Crèche weidergi wëll.