Virun e puer Deeg hu mir e klengt Fest organiséiert fir den Depart vun de Kanner an den Précoce ze markéieren. Mir hunn decidéiert dat ronn Zwanzeg Deeg no der Rentrée ze maachen, fir auszetauschen wéi dës nei Etapp war a wéi de Start gelaf ass.
Ronderëm e leckere Picknick, preparéiert vum Restaurant vun der Gemeng , hunn Elteren an d’Equipe sech an enger frouer a gemittlecher Atmosphär getraff. Et war e schéine Moment an e flotter Austausch. D’Elteren hunn hir Gefiller iwwert d’Crèche, hir Erfahrung an d’Emotiounen an dëser wichteger Zäit deele kënnen.
E grousse Merci un all d’Eltere fir hiren Asaz a hir Präsenz — esou Momenter stäerken d’Bindung tëscht de Familljen an der Equipe, virun allem fir d’Wuel vun de Kanner .